banner3.png

User Rating: 0 / 5

Star InactiveStar InactiveStar InactiveStar InactiveStar Inactive
 

Lassloossen – fir nei Weeër ze goen ...

Léif Schwësteren a Bridder, léif Leit alleguerten,

„T’ass Vakanz“ an eis Weeër trennen sech an dëser Zäit och. Villäicht wou alles elo méi roueg an eisem perséinleche Liewen gëtt, fanne mir och Zäit fir iwwer dat eent oder anert nozedenken. Am Hierscht heescht et fir äis all, nei Weeër am Liewen ze fannen, an och nei Weeër ze goen. Elo ass dann d’Zäit sech drop virzebereeden, duerchzeootmen an no dem Kompass, dee fir mech den Härgott ass, sech opzemaachen a weiderzemaachen. Am Hierscht wäert et rëm weidergoe mat neien Iddien an engem neien Elan. Och fir mech. Wéi dir matkrut hutt wäert ech eng nei Plaz untrieden als Kaploun. Esou wéi den Här Äerzbëschof et virgesinn huet, änneren d’Plaze vun den Kapléin no e puer Joren, fir weider Erfahrungen op enger anerer an neier Plaz ze sammelen. Esou trëfft mech dat och. D’Rees geet elo fir mech an de Porverband Mamerdall, méi genau op de Briddel.

Éier et awer an d’Vakanz oder op eng Rees geet, heescht et ëmmer nees Äddi ze soen. Duerfir schreiwen ech Iech dës Wierder, fir vun Iech Abschid ze huelen als äre Kaploun. D’Zäit hei Uewe bei Iech war eng wäertvoll Zäit fir mech, eng Zäit vu Léieren a Verstoen, vun Erfahrunge sammelen an ausprobéieren, vu Kenneléieren an Erliewen. Villes wäert ech vun deem wat mech hei bei Iech beweegt huet mathuelen op meng nei Plaz. Ech soen elo schon dem Härgott Merci fir déi vill léif Begéinungen, déi ech hei konnt maachen. Si hu mech als Chrëscht a mengem Glawen gestäerkt an als Priester a menger Berufung.

Bei engem Abschid soll de Merci net vergiess ginn. Et wär awer onméiglech alleguerten eenzel Merci ze soen an duerfir maachen ech dat mat dëse puer Sätz an adresséieren dës un Iech all. Merci fir är Ënnerstëtzung, är Mataarbecht an är Gedold. Pardon awer och wann ech Iech duerch Iergendeppes verletzt oder wéi gedoen hunn, an ech froen Iech och ëm Verzeiung, wann ech engem zu Laascht gefall sinn.

Déi leschte Wierder, déi ech Iech schreiwen, si Wënsch un äis all.

Ech wënschen äis, datt mir eiser Berufung ëmmer méi bewosst ginn an äis asetze fir den Härgott a fir eis Matmënschen.

Ech wënschen mir, datt den Härgott eis Häerzer beréiert, fir datt mir äis opmaache fir Erneierungen an eiser Kierch an awer och an eise Porverbänn an dëse méi turbulenten Zäiten.

Ech wënschen äis all, datt mir et weiderhin zesummen fäerdegbréngen, dem Härgott seng Botschaft mat Iwwerzeegung weiderzeginn, un eis Kanner a Jugendlech an awer och un déi Mënschen, déi den Härgott sichen.

Ech wënschen mir awer och datt mer äis erëm gesinn, frou, zefridden, gesond a monter ...

Dat alles, wënschen ech äis all vun Häerzen.

Iech alleguerten eng erhuelsam a schéi Vakanz.

Dem Härgott säi Seege an Fridde soll ëmmer bei Iech bleiwen.

 

Charles Bremer, äre Kaploun deen vun Iech fort geet